
Fakten:
Den Albin Lee Meldua huet bis ewell zwou EP'en eraus bruecht. Säin Debütalbum soll am Hierscht eraus kommen.
Aussergewéinleches
Den Albin Lee Meldau ass de Fils vun enger schwedescher Jazz-Sängerin an engem britesche Punk-Rocker. Ier sech dee 29 Joer ale Museker als Solokënschtler selbststänneg gemaach huet, war hien de Sänger vun der Soul-Band Magnolia. Hien huet d'Band verlooss, well „eng Band eng Bezéiung tëscht Mënschen wier“, hien awer seng Carrière "wéi een Tagebuch gesäit".
Fréier Hits
Den Albin huet 2016 beim Reeperbahn Festival den „Anchor Award“ vun der Jury fir seng Live-Performance gewonnen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
John Grennan, JP Cooper, Hozier