Eldoradio Exklusiv - 21. FebruarGrand Corps Malade - Dimanche Soir

De Fabian Marsaud alias "Grand Corps Malade" presentéiert déi nei Single aus sengem 6. Studioalbum "Plan B".

Leschten Update: 21.02.2018, 04:50:29

Fakten:
De Fabian Marsaud alias "Grand Corps Malade" huet Mëtt Februar säi 6. Studioalbum "Plan B" eraus bruecht. D’Single "Dimache soir" erzielt vun der Léift zu senger Fra, déi mëttlerweil 12 Joer dauert.


Aussergewéinleches
Den „Grand Corps Malade“ ass ee franséische Poetry-Slam-Kënschtler a Regisseur, De Kënschtlernumm huet hien zanter 2003, nodeems 1997 een Accident beim Sprong an eng Piscine säin Ënnerkierper zum Deel geläämt huet.

Fréier Hits
Säin éischten Album mam Titel „Midi“  ass 2006 eraus komm an direkt un d’Spëtzt vun den Charts geklommen. Bei den „Victoires de la Musique“ gouf hien mat den Awards fir den „artiste révélation de l’année » a fir den « album révélation de l’année » ausgezeechent.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sinsemilia, Calogero, MC Solaar

Lauschtert eran: