Eldoradio Exklusiv - 22. FebruarMåns Zelmerlöw - Happyland

De schwedeschen Sänger Måns Zelmerlöw liwwert de Song zur aktueller KINDER-Campagne

Leschten Update: 22.02.2018, 05:01:28

Fakten:
"Happyland" ass ee Song vum Måns Zelmerlöw sengem leschten Album "Chameleon". D'Single ass an der grousser TV- an Online-Campagne fir de 50. Gebuertsdag vun KINDER ze héieren. 

Aussergewéinleches
"Happyland" handelt dovun, dass mir eis haut ëmmer méi an di séilesch Isolatioun zréck zéien, iwwerdeems mir no baussen sou maachen, wéi wann alles an der Rei wier an mir am  "Happyland" géife liewen: "There's a hole in the soul of happyland / We stay high in our castles made of sand / There's a church where we go to numb the pain / We messed up and I know you feel the same". 

Fréier Hits
Als Interpret vum Lidd "Heroes huet hien 2015 den 60. Eurovision Song Contest gewonnen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Olly Murs, Alma, Zara Larsson

Lauschtert eran: