Eldoradio Exklusiv - 26. FebruarBarenaked Ladies - Lookin`Up

Di kanadesch Rockband presentéiert aus dem aktuellen Album "Fake Nudes" di nei Single

Leschten Update: 26.02.2018, 13:20:04

Fakten
Barenaked Ladies (BNL) ass eng kanadesch Rockgrupp vun Toronto. Ënnert dem Titel "Fake Nudes" hunn d'Museker Enn 2017 hiren 12. Studioalbum eraus bruecht.  "Lookin' Up" ass d'Leadsingle.

Aussergewéinleches:
Bekannt goufen Barenaked Ladies nieft der Musek och duerch hir witzeg, ironesch Texter, déi zum Deel stakkatoaarteg virgedroe ginn. 


Fréier Hits
Vrun allem a Kanada an an den USA ass d'Band beléift, de groussen Duerchbroch an Europa blouf awer aus. Hir erfollegräichsten Singelen sinn "Enid, Jane", "If I Had 00000", "One Week", "It’s All Been Done" an "Pinch Me",  an och den Titelsong fir di amerikanesch Sitcom "The Big Bang Theory". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Counting Crows, Spin Doctors, Semisonic

Lauschtert eran: