
Fakten
De Fils vun engem libanesesche Papp an enger amerikanescher Mamm gouf zu Dearborn, am US-Staat Michigan gebuer an ass de Moment zu Los Angeles doheem. Fir säin originellen Stil krut hien vill Opmierksamkeet, an de Bazzi ass längst och fir aner Kënschtler ee gefrote Kreativpartner: An Zukunft wäert hien Kollaboratiounen mat sou ënnerschiddleche Kënschtler wéi Flo Rida, Chris Brown an Aminé ze héieren sinn. Donieft schafft de Bazzi de Moment u sengem Debütalbum, deen nach dëst Joer eraus kënnt.
Aussergewéinleches:
Viru sengem Duerchbroch hat de Bazzi säin eegene YouTube-Channel mat Cover-Videon. Wéi hien gemierkt huet, dass hien selwer Musek maache wëllt, huet hien alles gelöscht a komplett nei ugefaangen. Elo komme just nach seng eege Songs an d'Netz.
Fréier Hits
De Popsänger Bazzi huet et mat der Single "Mine" eng éishcte Kéier an d'Billboard Hot 100 gepackt: "Mine" ass op Plaz 56 vun den US-Charts era geklommen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Post Malone, Liam Payne, Justin Bieber
Lauschtert eran: