Eldoradio Xclusiv - 5. MäerzArmin Van Buuren feat. Conrad Sewell - Sex Love And Water

Leschten Update: 21.03.2018, 15:16:54

Fakten
Fir seng nei Single „Sex, Love & Water“ huet den hollänneschen DJ sech mam britesch-australesche Popsänger Conrad Sewell (bekannt duerch säi Gesang an der Kygo Single „Firestone“) zesumme gedinn. Dëse Sänger huet net just erfollegräich mam Kygo oder Avicii zesumme geschafft, mee war niewebäi och Tour-Support beim Ed Sheeran a Maroon 5. 

Aussergewéinleches:
Den Armin van Buuren huet ënner diversen Pseudonymen geschafft, dorënner Armania, Armin Darkstar, Prolem Boy, Perpetuous Dreamer oder Gimmick


Fréier Hits
Egal ob beim Ultra Music Festival zu Miami oder beim Tomorrowland an der Belsch, den Armin van Buuren ass ëmmer ee vun de Main-Acts op deene gréissten Elektro-Festivaller vun der Welt. Hien zielt zanter Joren zu de weltwäit erfollegräichsten DJen a Produzenten. "This Is What It Feels Like“ an “Another You” ware seng gréissten Hits. De Conrad Sewell ass a senger Heemecht Australien längst keen Onbekannte méi: seng Single „Start Again“ ass un der Spëtzt vun den australeschen Charts gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz, Tiësto


Lauschtert eran: