Eldoradio Xclusiv - 9. MäerzRejjie Snow Ft. Amine -Egyptian Luvr

Den iresche Rapper Rejjie Snow presentéiert een duussen Oldschool Hip-Hop-Song.

Leschten Update: 21.03.2018, 15:16:31

Fakten
Den Dubliner Museker Rejjie Snow huet sech den amerikanesche Sänger Aminé an d'Musekerin Dana Williams fir säin neie Song Egyptian Luvr u seng Säit geholl. An der Kombinatioun liwwert den Trio een duuss waarmen Hip-Hop-Sound. Fir d'Produktion ass dee bekannte Producer Kaytranada responsabel. 

Aussergewéinleches:
De Rejjie Snow ass ee 24 Joer ale Museker vun Dublin, dee wahrscheinlech méi an der Welt ënnerwee gewiescht wier wéi munch een aneren. 2011 wär hien a Florida bal Profi-Futtballspiller ginn, 2012 huet hien säi Film-Studium zu Savannah, Georgia ofgebrach, fir sech op seng Musekscarrière ze konzentréieren, an ass an de leschte Joeren tëscht Brooklyn, London a Paräis hin- an hir gereest. 


Fréier Hits
2013 huet de Rejjie Snow seng erfollegräich "Rejovich" EP eraus bruecht, a war op enger Mini-Tour mam Madonna. Am Februar 2018 huet hien säin Debüt-Album "Dear Annie" eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Snoop Dogg, Childish Gambino, Kendrick Lamar


Lauschtert eran: