
Fakten
Dirty Heads, di kalifornesch Reggae- / Pop- & HipHop-Band vpresentéiert hir Single „Vacation“ am Virfeld vun hirem neien Album, deen am Hierscht eruas kënnt. Wéi de Songtitel schonn ze verstoe gëtt, steet hei di schéinsten Zäit vum Joer am Fokus.
Aussergewéinleches:
Op hire Bandnumm koume si, wéi si Alkohol aus engem Geschäft geklaut hunn an de Propriétaire hinnen nogeruff huet: "Come here you little dirty heads!"
Fréier Hits:
Bei eis zwar nach e Geheimtipp, stinn Dirty Heads schonn zanter 2003 fir de südkalifornesche Sound, fir eng Mëschung aus Pop, Hip-Hop, Reggae a Rock. 2008 ass hiren Debütalbum „Any Point In A“ eraus komm an d'Single "Lay Me Down“ huet sech 11 Wochen laang opPlaz 1 vun de Billboard Alternative Charts gehalen. Mat Lidder wléi „Oxygen“ an „That’s All I Need“ hunn si 2016 iwwerzeegt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Michael Franti, Nappy Roots, Hoodie Allen
Lauschtert eran: