Eldoradio Xclusiv - 20. MäerzLeon Bridges - Bad Bad News

De Leon Bridges presentéiert di 1. nei Single vu sengem neien Album "Good Thing"

Leschten Update: 21.03.2018, 15:14:39

Fakten
De Soul Singer/Songwriter Leon Bridges ass zréck mat "Bad Bad News", seng éischt nei Single zanter dem Debütalbum "Coming Home" am Joer 2015. Di nei Single ass um neien Album "Good Thing", deen de 4. Mee eraus kënnt. 

Aussergewéinleches:
De Leon Bridges wollt als éischt Dänzer ginn. Réischt um  College huet hien ugefaangen, Gittar ze spillen an ze komponéieren. 

Fréier Hits
Den Album "Coming Home" huet et op Plaz 1 vun den US-R&B-Charts gepackt. An den offiziellen Charts vun den USA grad wéi Kanada, Groussbritannien an Australien koum den Album  an d'Top Ten. Ausserdeem gouf e fir e Grammy Award fir dee beschten  R&B-Album nominéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Nick Waterhouse, Alabama Shakes, Curtis Harding


Lauschtert eran: