
Fakten:
No sengem éischten Hit "Once In A Lifetime" ass de Martin Johnson alias "The Night Game" lo zréck mat der neier, ganz funkeger Single "Bad Girls Don`t Cry". Am Song geet et ëm eng geheimnisvoll Fra, déi hien a senger turbulenter Zäit zu Las Vegas kenne geléiert huet.
Aussergewéinleches:
No sengem éischte Museksprojet "Boys like girls" huet de Martin Johnson vrun engem Joer säin 2. Alter Ego "The Night Game" an d'Liewe geruff. Eigentlech ee Soloprojet - bei Live-Optrëtter huet hien allerdéngs eng ganz Band mat dobäi.
Fréier Hits
Schonn 2006 huet de Martin Johnson mat senger éischter Band "Boys like girls" e puer Lidder eraus bruecht. Parallel huet hien ugefaangen, fir aner Kënschtler ze schreiwen. Sou ass hien och fir Lidder vun Taylor Swift, Avril Lavigne, Jason Derulo oder Papa Roach an de leschten 10 Joer mat responsabel. Seng Chartsbilanz als Songwriter a Produzent ka sech mat méi wéi 10 Millioune verkaaften Unitéiten vu senge Lidder an 9 Top 40 Singelen eleng an Amerika méi wéi weise loossen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
New Pornographers, The head And The Heart, Wolf Parade
Lauschtert eran: