Eldoradio Xclusiv - 23. MäerzBríet - Twin

D'Bríet ass eng 19 Joer jonk Islännesch Sängerin. Mat "Twin" liwwert d'Musekerin eng zweete Single mat Hitpotential.

Leschten Update: 23.03.2018, 08:28:46

Fakten:
D'Bríet ass eng Singer a Songwriterin aus Island. Mat "In Too Deep" huet d'Musekerin et Ufanks des Jores gepackt, säin Numm iwwert d'Heemecht eraus bekannt ze maachen. Dem Bríet seng Musik klengt verdreemt, hoffnungslos romantesch an dobäi liwwert et am Song "Twin" en alternative Sound deen hänke bleift. 

Aussergewéinleches:
De Succès ass komplett Neiland fir déi islännesch Musekerin. Op Facebook huet d'Bríet mol nach keng 300 Likes. Eppes, wat sech an de nächste Méint ännere kinnt, wann seng 2. Single an Europa aschloe sollt. 

Fréier Hits
Am Januar ass mat "In Too Deep" d'Debutsingle vun der 19 Joer aler Musekerin erauskomm. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Oh Wonder, Morcheeba & Ellie Goulding

Lauschtert eran: