
Fakten:
Die Fantastischen Vier hunn een neie Member - op mannst fir di nei Single „Zusammen“. De Sänger Clueso verstäerkt hei di Stuttgarter Rapper. No de Songs „Endzeitstimmung“ an „Tunnel“ ass „Zusammen“ feat. Clueso di 3. Single-Auskopplung aus dem neien Album vun de Fanta Vier. „Captain Fantastic“ kënnt de 27. Abrëll eraus. Am Dezember geet et op grouss „Captain Fantastic Tour“ duerch Däitschland, Eisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg.
Aussergewéinleches:
Mat de Wierder „Das neue Video von den Backstreet Boys“ huet de Clueso d'Kollaboratioun ugekënnegt. mee statt der US-amerikanescher Boyband gëtt et ee gemeinsamen Video vun de Fantastischen Vier an dem Erfurter Sänger.
Fréier Hits
Deen éischten Chartserfolleg am Genre Däitschrap haten die Fantastischen Vier am Joer 1992 mam Titel "Die da!?!", mat deem si a ganz Däitschland bekannt goufen an och den däitschen Hip-Hop populär gemaach hunn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fettes Brot, Jan Delay, Peter Fox
Lauschtert eran: