Eldoradio Xclusiv - 28. MäerzGood Weather Forecast - Superhumans

Och wann de Numm net esou kléngt, d'Good Weather Forecast kommen aus Bayern. Hier nei Single "Superhumans" huet e bëssen eppes vu One Republic.

Leschten Update: 04.04.2018, 08:23:23

Fakten:
GWF, oder och Good Weather Forecast si 5. Museker aus Bayern. Et handelt sech dobäi ëm eng Familljeband mat e puer Frënn, déi säit 2007 zesumme Musek maachen. Mam Album "Superhumans" hunn si dëst Joer hire 5. Album erausbruecht. 

Hier Musek ass eng Mëschung aus Dance,Rock, Pop an zum Deel och Elektro. Mat hirer neier Single "Superhumans" erënneren déi däitsch Museker am Ufank e bëssen u One Republic, duerno fléissen 30 Seconds to Mars Téin mat an. 

Aussergewéinleches:
Bis haut hunn d'Museker iwwer 700 Show op der ganzer Welt gespillt. Dorënner ware Concerten an Estland, Israel oder Australien. 

Hire neien Album ass den éischte Longplayer, deen et an d'Charts gepackt huet. D'Plaz Nummer 40 sollt fir "Superhumans" eraussprangen. 

Fréier Hits
Am Joer 2015 hunn déi bayresch Museker mat "Kingdom" eng éischte Kéier op sech opmierksam gemaach. Grouss Hits haten d'Museker awer nach net. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
One Republic, 30 Seconds to Mars

Lauschtert eran: