
Fakten:
"H.O.L.Y", déi nei Alle Farben Single mëscht Loscht op d'Fréjoer. De Berliner Museker Hans Zimmer huet sech, fir säi neie Song, de britesche Sänger Rhodes mat an d'Boot geholl. E Museker deen duerch seng Aarbecht mam Felix Jaehn bekannt ginn ass. Am Song "H.O.L.Y" mëscht den Alle Farben Deep House mat enger gudder Portioun Pop.
Aussergewéinleches:
Säit 12 Joer ass de Berliner Museker Alle Farben als Dj aktiv. An der Heemecht war hien laang de Geheimtipp, éier him 2014 mat "She Moves" den Duerchbroch gegléckt ass.
Fréier Hits
Mat "She Moves" hat den Alle Farben am Joer 2014 en éischten Top 10 Hit. "Please Tell Rosie" sollt zwee Joer méi spéit esou guer an d'Top 3 vun den däitschen Charts klammen. E Nummer 1 Hit hat den Alle Farben awer nach net.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Lost Frequencies & Robin Schulz
Lauschtert eran: