
© GABRIEL BOUYS / AFP
Fakten:
Mam Album "Part Of The Light" kennt den 18. Mee dem US Folk Museker Ray LaMontagne säi 7. Album eraus. Et ass en Album dee vun him ganz eleng geschriwwen a produzéiert ginn ass. "Such A Simple Thing" ass eng ganz roueg éischte Single. Akustesch Téin begleeden relax Gittarekleng duerch de knapp 5. Minutten Track.
Aussergewéinleches:
Den US Museker huet Ufank der 90er säin Job an enger Schungfabrik un de Nool gehangen, nodeems en dem Stephen Stills säin "Treetop Flyer" um Radio héieren huet. Hien huet dee Moment entscheed Musik ze maachen. 2004 sollt en e Plackekontrakt kréien an 2. Wochen duerno säin éischten Album erausbréngen. Den Album ass an den USA op d'Plaz 5 geklommen an sollt sech iwwer 250.000 mol verkafen.
2011 sollt de Museker de leschte Grammy Award an der Kategorie Best Contemporary Folk Album kréien fir säin Abum "God Willin' & the Creek Don't Rise". E Präis, den am Joer duerno net méi sollt verdeelt ginn.
Fréier Hits:
Grouss Chart-Hits hat de Ray LaMontagne bis haut nach keng.
Sigrid, Anne-Marie & Dua Lipa
Lauschtert eran: