
© Eldoradio
Fakten:
Dem Alice Merton seng No Roots EP ass ëm e Lidd méi räich ginn. Mat "Lash Out" ass eng nei Single dobäi komm, an d'Musekerin huet sech dat zum Ulass geholl, d'EP einfach nach eng Kéier nei erauszebréngen. Am Song geet et drëms sech vun de gefuerderte Verhalensregelen an der Gesellschaft ze befreien. "Ech wollt ëmmer a wëll och weiderhin no mengen eegene Reegele liewen", esou d'Musekerin an engem Interview.
Aussergewéinleches:
Mat senger éischter Hit Single "No Roots", déi am Mee 2017 op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoung, ass d'Alice Merton an dëser Woch fir eng éischte Kéier an d'US Charts erageklommen. Méi wéi d'Plaz 100 sollt awer net dobäi eraussprangen.
No sengem Optrëtt am Mäerz zu Lëtzebuerg, wäert d'Musekerin am Mee als Support Act vum Vance Joy op grouss US Tour goen.
Fréier Hits:
"No Roots" sollt Europawäit e groussen Hit ginn an och fir 3. Wochen op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoen. Mat der 2. Single "Hit The Ground Running", huet d'Alice Merton gewisen, dat et kee One-Hit-Wonder ass.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michels, Bishop Briggs, Tom Grennan
Lauschtert eran: