
Fakten:
Déi nei Single vun Hoobastank ass en Teaser op de neien a 6. Studioalbum "Push Pull", deen de 25. Mee erauskënnt. "More Beautiful" ass e positiivt Motivatiounslidd fir enger Persoun Mutt ze maachen, déi net méi wierklech u sech gleeft. Et ass eng gutt Laun Single, déi méi rhythmesch a poppeg ass, wéi dat wat ee vun hinne kennt.
Aussergewéinleches:
Eng Rei Lidder vun Hoobastank sinn als Soudtracks vu bekannte Filmer (wéi Spider-Man 2, Catwoman an Tranformers – Revenge of the Fallen) a Videospiller (wéi Halo 2, Call of Duty 4: Modern Warfare an Guitar Hero 2) benotzt ginn.
Fréier Hits:
Si goufen duerch Songs wéi "Crawling in the Dark" an "Running Away" aus dem Joer 2002 bekannt. Hir bekanntste Single ass awer "The Reason", déi 2004 weltwäit an der Top 10 vun den Charts war.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Incubus, Theory of a Deadman, 3 Doors Down
Lauschtert eran: