Eldoradio Xclusiv - 11. AbrëllJohn Legend - A Good Night

Zesumme mam BloodPop huet den John Legend eng nei Single dobaussen. Déi charmant Love Story nennt sech "A Good Night".

Leschten Update: 11.04.2018, 07:26:35

© Eldoradio

Fakten:
Knapp 2 Joer nom Release vu sengem leschten Album "Darkness and Light" ass den John Legend zréck. Net mat engem neien Album, mä mat enger neier Single. "A Good Night" ass e romantesche Feel-Good-Song, den zesumme mam Produzent BloodPop ass. Dat ass e Mann dee scho Lidder produzéiert huet fir den Justin Bieber, d'Lady Gaga oder och d'Julia Michaels. 

Aussergewéinleches:
De Videoclip zu der Single ass komplett mat engem Pixel 2 Smartphone gedréint ginn, wat een ni menge géif. Am Clip ass den John Legend den DJ, wärend eng jonk Fra d'Online-Dating an déi real Partywelt verleet. Wien hier net gefält, gëtt mat engem Fangerwësch aus dem Wee geraumt, ganz Tinder-Like.


Fréier Hits:
Mat "All of Me" hat den John Legend am Joer 2013 en éischte Charthit, an direkt e Number One Hit. D'Lidd sollt sech bis haut iwwer 12. Millioune mol verkafen. An de Jore virdru war den John Legend als Gaaschtmuseker fir d'Alicia Keys, Kanye West an och Jay Z aktiv. Ganz erfollegräich ass och säin "Love Me Now" vum leschten Album. 

 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alicia Keys, Ne-Yo & R. Kelly

Lauschtert eran: