
Fakten:
No "Feel it Still" an "Live in the Moment" presentéieren Portugal. The Man eng weider Single aus dem aktuellen Album "Woodstock". Aktuell toure si an Europa. A niewebäi schaffe si mat ënnert anerem dem bekannte Producer Quincy Jones u neier Musek.
Aussergewéinleches:
D'Band hat schonn een neien Album an der Këscht, wéi den Donald Trump President gouf. Aus Iwwerzeegung, dass dëse politesche Changement misst um neien Album present sinn, hunn d'Museker dee fäerdegen Album ewech geworf an een neie geschriwwen. Resultat: "Woodstock".
Fréier Hits:
No Platin-Status an den USA an a ville weidere Länner ass d'Single "Feel It Still" elo offiziell deen erfollegräichsten Crossover-Hit zanter 5 Joer an Amerika.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Cage The Elephant, Nothing But Thieves, Arcade Fire
Lauschtert eran: