Eldoradio Xclusiv - 11. JuliMax Frost - Good Morning

Deen neie Song "Good Morning" vum Max Frost ass an engem Publicitéitsspot vu Vodafone ze héieren.

Leschten Update: 11.07.2018, 09:31:35

Fakten:
De Matthew Alexander Frost alias Max Frost kënnt vun Austin, am Texas. Bis ewell huet een an Europa nach net sou vill vun him héieren. Duerch deen neie Vodafone-Spot gëtt hien awer lo och bei eis bekannt. Säin neie Song "Good Morning" ass nämlech de Soundtrack dofir. Domat kéint him den internationalen Duerchbroch geléngen. D'Single "Good Morning" ass och ee Virgeschmaach op säin Debüt-Album, vun deem allerdéngs nach net vill bekannt ass.


Aussergewéinleches:
Ier hien seng Solocarrière gestart huet, war de Max Frost als Drummer a Gittarist a verschiddenen Amateurbands vun Texas aktiv. D'Museksexperten vum Rolling Stone-Magazine zielen hien schonn zu den "10 Artists You Need To Know".

Fréier Hits:
2013 war säi Song "White Lies" bei Hype Machine op Plaz 1 an der „Most Popular Tracks On Blogs Now“-Rubrik. 2015 ass seng 1. EP „Intoxication“ eraus komm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Capital Cities, Milky Chance, American Authors

Lauschtert eran: