
Fakten:
Den Dean Lewis ass een Newcomer aus Australien, ee Singer/Songwriter, dee sech elo mat senger neier Single „Be Alright“ wëllt bekannt maachen. Aktuell schafft hien un engem éischten Album. Am Song "Alright" geet et ëm esou villes dat an enger gescheiterter Bezéiung schif gaangen ass. Ma him geet et awer gutt, hien ass "alright". Et ass e Song vun der Hoffnung, esou den 28. Joer alen Australier.
Aussergewéinleches:
Am Joer 2005 huet den Dean Lewis mat sengem Brudder fir säin Heemechtsland Australien bei de World Cyber Games zu Singapur matgemaach. Hien huet et op di 5. Plaz gepackt.
Fréier Hits:
2017huet den Dean Lewis seng nei EP "Same Kind of Different" eraus bruecht. D'EP huet an den australeschen Charts Plaz 27 erreecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Vance Joy
Lauschtert eran: