Eldoradio Xclusiv - 13. JuliDisclosure feat. Fatoumata Diawara - Ultimatum

De briteschen Elektro-Pop-Duo ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 13.07.2018, 09:32:16

Fakten:
5 Joer ass et hir, dass d'Geschwësterkoppel Guy an Howard Lawrence, besser bekannt ënnert dem Numm Disclosure, mat hirem Debütalbum „Settle“ bekannt gofuen. Mat „Ultimatum“ huet de briteschen Duo eng nei Single eraus bruecht. zesumme mat der Sängerin Fatoumata Diawara. Disclosure hu jo schonn an der Vergaangenheet gäere mat special guests zesumme geschafft- wéi Sam Smith, London Grammar oder AlunaGeorge.


Aussergewéinleches:
D'Fatoumata Diawara ass eng Sängerin an Atrice aus dem Mali. Wéi si mat 20 hir Carrière fir eng Zwangshochzäit op Äis leeën sollt, huet si d'Offer vun enger franséischer Theatergrupp ugeholl an ass op Paräis geflücht, wou ee Museksproduzent op si opmierksam gëtt an si grouss eraus bréngt.


Fréier Hits:
Hiren éischte groussen Erfolleg haten Disclosure 2012 mam Song "Latch" mam Soulsänger Sam Smith. En Top 40 Hit an England.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris , Route 94, Years&Years

Lauschtert eran: