Eldoradio Xclusiv - 16. JuliMad Hatter`s Daughter - Sweet Home

Den däitschen Newcomer-Duo presentéiert eng 1. Single

Leschten Update: 16.07.2018, 08:20:11

Fakten:
Mad Hatter`s Daughter asss een däitsche Folk Pop Duo aus dem Raum Schleswig Holstein.  Di 2 Museker hunn elo eng EP eraus bruecht. Dorops ze fannen ass och d'Single "Sweet Home" . "Sweet Home" ass eng Liebeserkläerung un déi Plaz, wou ee sech ganz doheem fillt.


Aussergewéinleches:
Mad Hatter’s Daughter, dat sinn d'Kira an de Basti. D'Kira huet zu Hamburg Moudedesign studéiert an de Basti Tountechnik. Zanter iwwer 10 Joer spillt hien a Bands a schafft als Engineer a Produzent. Och d'Kira huet ëmmer scho gesongen, allerdings ni viru Publikum. Duerch Zoufall hunn si sech iwwert d'Musek kenne geléiert, well dem Basti seng deemoleg  Band huet sech Styling-Berodung vum Kira geholl.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Beech, Sam Lewis

Lauschtert eran: