
© ANGELA / WEISS / AFP
Fakten:
De Benny Blanco huet sech am Musikbusiness schonn als Produzent a Songwriter en Numm gemaach. Elo bréngt hien seng éischt eege Single “Eastside” eraus, fir déi hien sech d'Halsey an de Khalid als Feature-Gäscht u seng Säit geholl huet.
Aussergewéinleches:
Wéi de Benny an engem Instagram-Post verréit, ass hien op “Eastside” selwer net ze héieren: “Keng Angscht, meng schrecklech Stëmm gëtt et net ze héieren. D'Sangen iwwerloossen ech menge Frënn”. Domat méngt hien ënner anerem d'Halsey, wat iwwert d'Erwuesse ginn an den domat verbonnene Verpflichtungen séngt.
Fréier Hits
De 4-fache Grammy Gewënner huet scho mat Musik-Gréissten wéi Kanye West, Selena Gomez, Justin Bieber an Ed Sheeran zesumme geschafft. Duerch seng Hëllef als Produzent kann de Benny op iwwer 100 Milliounen Albumverkeef weltwäit zréck kucken. D'Halsey ass ënner anerem bekannt duerch säi Feature op der Single "Closer" vun The Chainsmokers. De Sänger Khalid ass nach nei an der Szene an huet bis ewell den Top New Artist-Award bei de Billboard Music Awards 2018 gewonnen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Puth, Bebe Rexha, Liam Payne
Lauschtert eran:
Passend zum Song gëtt en einfachen, ma richteg gelongene Videoclip!