
Fakten
Imagine Dragons schécken mat "Natural" eng nei Single an d'Course. D’Lidd geet direkt an d’Ouer an huet nees méi ee rockegen Touch wéi di leschte Singelen. "Natural" ass awer net um aktuellen Album "Evolve" ze fannen.
Aussergewéinleches:
Imagine Dragons performen hir nei Single en Donneschdeg 19. Juli an der Show "Jimmy Kimmel Live!". "Natural" gouf och gewielt zur offizieller Hymne vun der aktueller "ESPN college football" Saison.
Fréier Hits
Mat "It's Time" hunn d'Imagine Dragons Mëtt 2012 eng éischte Kéier vu sech schwätze gedoen. Spéitsdens mam 2. Release vum Album "Night Visions", dem Song "Radioactive" ass hinnen am nämmlechte Joer den Duerchbroch gegléckt. Vum aktuellen 3. Album "Evolve" hunn ënner anerem d'Singelen "Thunder" a "Whatever It Takes" weltwäit d'Charts eruewert.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bastille, One Republic & Twenty One Pilots
Lauschtert eran: