Eldoradio Xclusiv - 19. DezemberAmilli - Rarri

Déi däitsch Sängerin presentéiert mat "Rarri" een entspaanten R´n´B-Song mat kriteschem Message.

Leschten Update: 19.12.2018, 02:11:08

Fakten:
D'Amilli ass grad mol 18 Joer al, kënnt vu Bochum a presentéiert a senger éischter Single een entspaante Mix aus RnB a Soul. Am Titel „Rarri“ geet et ëm Marken wéi Ferrari, oder Louis Vuitton. Wärend aner Mënschen a sengem Alter, gepusht vum Lifestyle vun de Youtuber, nach dorëms biedelen, Supreme & Co. vun hiren Elteren geschenkt ze kréien, steet d'Amilli längst driwwer a séngt léiwer iwwer sou Absurditéiten. 



Aussergewéinleches:
Bei sengem Kënschtlernumm huet hatt sech vum Lil Wayne inspiréiere gelooss an och soss mécht d'Musek vun der Newcomerin den Androck, wéi wann d'Welt net sou komplizéiert wier wéi se schéint.


Fréier Hits
Op senger Facebook-Säit heescht et, dass d'Amilli grad um Debütalbum schafft. "Rarri“ huet hatt mat engem nach onbekannte Produzent opgeholl. Deen nennt sech op Instagram "leomarykate".


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Solange, The Internet, Destiny's Child


Lauschtert eran: