Eldoradio Xclusiv - 20. DezemberFeder Feat. Bryce Vine & Dan Caplen - Control

De franséischen Deep-House-DJ ass zréck mat enger neier Kollaboratioun

Leschten Update: 20.12.2018, 03:23:08

Fakten:
De Feder, Bryce Vine an den Dan Caplen hu sech zesumme gedinn fir den Titel"Control". Resultat ass ee staarke Beat, dem Bryce Vine säi liicht krazege Gesang an dem Dan Caplen säin duusse Soul – och absolut wow! Erzielt gëtt dobäi d'Geschicht vun enger Fra, déi si komplett verréckt mécht.


Aussergewéinleches:
Mat eegenen Internetverëffentlechungen wéi "C’est lundi" a "Lordly" huet hien  2014 bei YouTube sechsstelleg Opruffzuelen erreecht. Enn 2014 huet hien do och "Goodbye" eraus bruecht. D'Lidd gouf als éischt an Osteuropa an an der Tierkei een Hit, an dono eréischt a Frankräich.


Fréier Hits
Feder – dee mam biergerlechem Numm Hadrien Federiconi heescht an zu Nice opgewuess ass – huet säin éischte grousse Succès 2015 mat der Platin-dekoréierter Single"Goodbye“ gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ofenbah, Kungs, Bakermat


Lauschtert eran: