Eldoradio Xclusiv - 21. DezemberAlessia Cara - Not Today

Di kanadesch Sängerin presentéiert eng weider Single aus hirem 2. Album "The Pains Of Growing".

Leschten Update: 21.12.2018, 02:28:07

Fakten:
„Not Today“ ass no "Trust M Lonely" eng weider Single vum Alessia Cara sengem 2. Studioalbum "The Pains Of Growing". Den Album beliicht di vill Säiten vum Erwuesseginn, där éischter Léift, Familljebezéiungen an den Erkenntnisser iwwert sech selwer. D'Songs goufe vum Alessia Cara selwer geschriwwen.


Aussergewéinleches:
Zesumme mam Logic huet hatt d'Single "1-800-273-8255" eraus bruecht an de Song och live bei de Grammy Awards performt, wou hatt selwer mat engem Award ausgezeechent gouf.


Fréier Hits
Di kanadesch Singer-Songwriterin huet 2015 mat hirem Debütalbum „Know-It-All“ d'Charts eruewert. D'Singelen "Here" a "Scars To Your Beautiful" huet hir weltwäit den Duerchbroch bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Ariana Grande, Halsey

Lauschtert eran: