Eldoradio Xclusiv - 2. JanuarSaint Phnx - Deadmen

SAINT PHNX aka Saint Phoenix sinn ee Singer & Songwriter-Duo vu Glasgow/Schottland.

Leschten Update: 02.01.2019, 09:25:40

Fakten:
De schottesche Pop Duo SAINT PHNX – besteet aus de Bridder Stevie an Al Jukes an huet elo di nei Single "Deadman" eraus bruecht.

Aussergewéinleches:
Si hu schonn eng ausverkaaften Europatour gespillt, waren Support Act vun Imagine Dragons, a stoungen op verschiddene Festivalbühnen - dorënner um renomméierte Reading & Leeds Festival.

Fréier Hits:
Zanter dem Release vun hire, Debütalbum virun 18 Méint ass d'Band um direktem Wee zum Erfolleg: Iwwer 20 Milliounen Streams hunn si als Independent Kënschtler bis ewell registréiert; mat hirem Track “King” hunn si et bis op Plaz 20 vun de weltwäite Shazam-Charts gepackt, an si hunn eng ausverkaaften Europatour gespillt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Circa Waves, Blossoms, The Wombats

Lauschtert eran: