Eldoradio Xclusiv - 3. JanuarJain - Oh Man

Déi franséisch Musekerin Jain liwwert mat "Oh Man" e weidere Song aus sengem 2. Album "Souldier".

Leschten Update: 03.01.2019, 05:01:01

© Valery HACHE / AFP

Fakten:
Dem Jain säin Debutalbum "Zanaka" aus dem Joer 2015 sollt mat 500. Dausend Sales e groussen Erfolleg ginn. Am leschten August ass mam Album "Souldier" de Nofolger erauskomm. E Longplayer dee nawell gutt Kritike kritt huet. Drop ass de Song "Oh Man", e Lidd mat engem orientalesche Sound an engem exoteschen Touch iwwert eng Lovestory. 


Aussergewéinleches:
Fir de Videoclip zu "Oh Man" huet et d'Musekerin op Barcelona an de Musée national d'Art de Catalogne gezunn, wou et säin neie Song Live performt. Ëmginn ass et vun enger bonter Maske-Band an Dänzer. Et si virun allem d'Location, d'Kostümer an déi aussergewéinlech Instrumenter déi erausstiechen. 

Fréier Hits:
Mat "Come" huet d'Musekerin vun Toulouse 2015 op sech opmierksam gemaach. De Song war op der éischter Jain EP, wéi och um Debutalbum "Zanaka" drop. Mat "Alright" ass et him am leschte Joer gelongen op ville Radiostatioune gespillt ze ginn.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Selah Sue, Billie Eilish & Mø



Lauschtert eran: