Eldoradio Xclusiv - 4. JanuarNOTD & Felix Jaehn - So Close feat. Georgia Ku

Mat "So Close" presentéieren de Felix Jaehn an NOTD hier nei Single.

Leschten Update: 04.01.2019, 06:55:53

© Eldoradio

Fakten:
Den Zäitpunkt vum Release vum Felix Jaehn senger Single war mat November 2018 net ideal gewielt. An all de Chrëschtdagslidder ass "So Close" ënnergaangen. Ma De Fakt dat elo um Ufank vum neie Joer kaum bis guer keng nei Lidder erauskommen, spillt dem däitschen Dj a Produzent an d'Karten. Wéi esou oft schafft de Jaehn mat éischter onbekannte Museker zesummen. Mat NOTD (noted ausgeschwat) huet hien sech e schwedescht Produzenten-Duo an d'Boot geholl. 

Aussergewéinleches:
D'Iddi zum Song ass aus engem versaute Gespréich vum Jaehn mat sengem Manager entstanen. Beim Iesse vun enger Acai Bowl, huet de Museker genësserlech Geräischer gemaach. Doropshin huet säi Manager hien drop higewisen dat et sech dobäi ëm Iessen a net em Sex handelt. De Jaehn huet gemengt dat en awer no un dem Gefill wier, also so close. 

Fréier Hits:
Dem Felix Jaehn seng Karriär huet 2014 mat sengem Remix vum Omi sengem "Cheerleader" ugefaangen. Duerno sinn Hits wéi "Ain't Nobody" mam Jasmine Thompson, "Bonfire" oder "Jennie" nokomm. 
D'Schweden vun NOTD si säit gutt zwee Joer am Museksberäich aktiv. Mat "I Wanna Know" hunn si am leschte Joer eng 250 Millioune Streams gesammelt. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Robin Schulz, Kygo & Lost Frequencies



Lauschtert eran: