Eldoradio Xclusiv - 7. JanuarDeclan J Donovan - Pieces

Den Declan J Donovan ass een englesche Singer/Songwriter aus Harlow, Essex.

Leschten Update: 07.01.2019, 09:33:15

Fakten:
Deen 21 Joer ale Songwriter Declan J Donovan huet seng nei Single „Pieces“ eraus bruecht. De Song dréit sech ëm den Dialog tëscht him an engem Frënd, deen eng schwéier Zäit duerchmécht a beliicht di ënnerschiddlech Bléckwénkel vun deenen 2 dorops. „Et geet drëm, seng Frënn wëssen ze loossen, dass ee fir si do ass“, erkläert den Declan.


Aussergewéinleches:
Seng Carrière  huet mat der Hochzäit vu sengem Brudder ugefaangen, fir déi hien de  Song „Fallen So Young“ geschriwwen huet. 6 Méint méi spéit huet hien den Demo vum Lidd erop gelueden an iwwer eng Millioun Klicks notéiert.


Fréier Hits:
Bekannt gouf den Declan mam Titel "Fallen So Young", deen hien u sech fir d'Hochzäit vu sengem Brudder geschriwwen hat. 6 Méint dono huet hien den Demo erop gelueden an domat eng Millioun Klicks erreecht – ouni Plackefirma, Management oder Promotion. Zanterhier gouf hien– nieft Taylor Swift an Ed Sheeran – als „Best Pop of 2017“ gewielt, an hien ass deen eenzege Kënschtler deen ouni Plackekontrakt je beim „Biggest Weekend“ vu Radio 1 opgetrueden ass. Hien huet mat sengen éischten 3 Songs 30 Milliounen Streams gesammelt.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Rhys Lewis, Lewis Capaldi, Dermot Kennedy



Lauschtert eran: