Eldoradio Xclusiv - 9. JanuarMike Posner - Move On

Den amerikanesche Sänger presentéiert eng nei Single vu sengem 3. Studioalbum

Leschten Update: 09.01.2019, 06:37:08

Fakten
Am Virfeld vu sengem neien a mëttlerweil 3. Album "A Real Good Kid" huet de Mike Posner elo di nei Single "Move On" eraus bruecht. De Singer/Songwriter huet säin neien Album iwwert een 2-Jores-Zäitraum opgeholl, an deem hien sech och ëm säin doudkranke Papp gekëmmert huet. Och den Album beschäftegt sech staark mat dëser Experienz. Et geet an de Lidder ëm Themen wéi Léift, Verloscht an och Akzeptanz. Den Album kënnt den 18. Januar eraus.

Aussergewéinleches:
Fir säin neien Album ze promoten, huet de Singer-Songwriter eng ongewéinlech Strategie geplangt. Am Mäerz wëllt hien sech ze Fouss op d'Rees duerch Amerika maachen: deen 9 Méint laangen Trip soll beim atlanteschen Ozean ufänke a beim Pazifik op en Enn goen.

Fréier Hits: 
Seng éischt Single "Cooler Than Me" vun 2010 huet an den US-Singlecharts Plaz 6 erreecht.  Säin 2. groussen Singlehit hat de Mike Posner 2015. Ze verdanken hat hien deen dem norwegesche Produzentenduo SeeB. Hire Remix vun "I Took a Pill in Ibiza" war a ganz Europa fir an den Charts.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jason Derulo, The Chainsmokers, Nico & Vinz

Lauschtert eran:



E Must See: