Eldoradio Xclusiv - 11. JanuarRag N Bone Man & Calvin Harris - Giant

De Calvin Harris ass zréck mat sengem éischte potentiellen Hit 2019: et ass eng Kollaboratioun mam Rag N Bone Man.

Leschten Update: 15.01.2019, 07:04:26

Fakten
No Kollaboratioune mam Dua Lipa ( "One Kiss",) Rihanna ("This Is What You Came For"), Ellie Goulding ("I Need Your Love") a villen aneren huet de schotteschen DJ Calvin Harris elo e weidert Lidd zesumme mam britesche Soulsänger Rag'n'Bone Man eraus bruecht. Am Verglach zu sengen anere Lidder ass "Giant" relativ lues. Am Zentrum steet ganz klor di déif a kräfteg Stëmm vum Sänger.

Aussergewéinleches
D'Lidd "Giant" ass am Joer 2014 vum Rag'n'Bone Man geschriwwe ginn a vum Museker vergiess ginn. Virun e puer Méint huet hien et a sengen Noten erëmfonnt. Een aus sengem Ëmkrees huet dem Calvin Harris de Song geschéckt an deen huet engem komplett iwwerraschte Rag'n'Bone Man e fäerdegen Track zréckgeschéckt. 

Fréier Hits

Am Juli 2016 hat de Rag N Bone Man als éischt Single vum Debütalbum den Titel "Human" ausgekoppelt. A ville Länner an Europa huet d'Lidd Plaz 1 vun den Charts erreecht.  Dono hat hien mam Titel "Skin" eng weider erfollegräich Single an den Charts. Dem Calvin Harris Debut-Album "I Created Disco" ass 2006 eraus komm an huet et un d'Spëtzt vun de briteschen Dance-Charts gepackt. Säin 2. Studio-Album "Ready for the Weekend" ass op Plaz 1 vun de briteschen Album-Charts geklommen.  2011 hat de Calvin Harris zesumme mam Rihanna di gemeinsam Single "We Found Love". Säi leschte groussen Hit war "One Kiss" zesumme mam Dua Lipa.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zedd, Avicii, David Guetta