Eldoradio Xclusiv - 23. JanuarBring Me The Horizon - Medicine

Di britesch Metalband ass zréck mat neier Musek.

Leschten Update: 23.01.2019, 09:02:41

Fakten
Mat "Medicine" bréngen Bring Me The Horizon elo schonn déi 3.  Single aus dem Album "Amo" eraus, deen de 25. Januar eraus kënnt. "Medicine" ass fir hir Verhältnisser eng extrem radiotauglech Poprock-Nummer, déi de Fans vu fréier net onbedéngt gefält.

 

Aussergewéinleches
De Sänger Oliver Sykesass ass Vegetarier, a verkeeft ausserdeem iwwert säi Moudelabel „Drop Dead“ T-Shirts mam Slogan „Meat sucks“, déi och heefeg op Bandfotoen ze gesi sinn. Zesumme mam Batteur Matt Nicholls schafft hien oft mat PETA zesummen. 



Fréier Hits

Den Album "There Is a Hell, Believe Me I've Seen It There Is a Heaven, Let's Keep It a Secret" huet an den USA Plaz 17 vun de Billboard Top 200 erreecht, Plaz 13 an de briteschen Charts a Plaz 1 an den australeschen Albumcharts. Den Album "Sempiternal" vun 2013 konnt sech an e puer offiziellen Charts placéieren, dorënner an Däitschland, USA, Australien a Groussbritannien.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bullet For My Valentine, Volbeat, Stone Sour



Lauschtert eran: