Eldoradio Xclusiv - 24. JanuarEli - Laying Low

Den däitsche Singer-Songwriter ass zréck mat enger neier Single

24.01.2019, 10:43:19

Fakten
Den Elias Leon Breit alias Eli ass een 20 Joer alen däitsche Songwriter. Hien huet Mëtt Januar seng nei Single "Laying Low" eraus bruecht. Ee gefillsvollt Libeslidd mat urbane Vibes.

Aussergewéinleches
Zu Köln an zu Berlin war hien e puer Joer als Stroossemuseker aktiv. Den Eli huet ee Streetcasting gewonnen a gouf doropshin dat neit Gesiicht vun enger Publicitéitscampagne vun der Telekom, déi hien an engem Spot virgestallt an ee Stroosseconcert vun him per Live-Stream diffuséiert hunn.



Fréier Hits

Grousse Succès hat den Eli mat der Single "Change your mind". D'Single  huet sech méi wéi 20 Wochen an den Charts gehalen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jason Mraz, Jack Johnson, Ben Harper


Lauschtert eran: