Eldoradio Xclusiv - 25. JanuarDua Lipa - Swan Song

Di britesch Sängerin huet fir de Sci-fi-Epos "Alita: Battle Angel" vum Regisseur Robert Rodriguez di nei Single "Swan Song" eraus bruecht.

Leschten Update: 25.01.2019, 14:59:11

Fakten:
Ufank Dezember gouf scho bekannt, dass d'Dua Lipa um Action-Film „Alita: Battle Angel“ bedeelegt wier. Ufank Januar huet hatt op Instagram ee kuerze Video gepost, deen hatt bei Studioopnamen zum Titelsong „Swan Song“ weist. De Song huet d'Sängerin zesumme mam Justin Tranter geschriwwen.


Aussergewéinleches:
Mat 15 huet d'Dua Lipa seng Elteren iwwerriet, seng Heemecht Kosovo eleng verloossen ze dierfen, fir zu London seng musikalesch Carrière ze lancéieren. Hatt huet an engem Restaurant geschafft an niewebäi Coversongs vu sengen Ikonen opgeholl – wéi Christina Aguilera an Nelly Furtado – an d'Tracks op Youtube gestallt. Seng Carrière koum a Schwong, wéi hatt an engem Trailer fir di britesch Talentshow "The X Factor" matgewirkt huet, an de Management vum Lana Del Rey sou op hatt opmierksam gouf. 

Fréier Hits
2016 huet d'Dua Lipa den Duerchbroch erlieft mat de Singelen "Hotter Than Hell", "I’m The One" an "Blow Your Mind". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Tove Lo, Rita Ora

Lauschtert eran: