Eldoradio Xclusiv - 28. JanuarGreta Van Fleet - You`re The One

Di amerikanesch Rockband presentéiert mat "You`re The One" eng Single aus hirem Debütalbum.

28.01.2019, 14:54:09

Fakten:
Kaum eng Band erlieft de Moment esou ee groussen Hype wéi Greta van Fleet. No zwou EPen hunn di 4 Museker En 2018 ënnert dem Titel deen éischte Studioalbum "Anthem of the Peaceful Army" eraus bruecht.


Aussergewéinleches:
Gläich 4 Nominéierungen krut d'Band bei de Grammy Awards 2019, an zwar als "beschten Newcomer", an der Kategorie "Beschte Rockalbum", "Beschte Rocksong" a "Best Rock Performance".


Fréier Hits
D'Single "Highway Tune" huet 2017 Plaz 1 vun de Billboard-Mainstream-Rock-Charts erreecht. Den Debütalbum "Anthem of the Peaceful Army" ass am Oktober 2018 eraus komm an op Plaz 3 vun den däitschen an US-amerikaneschen Albumcharts era geklommen. 
 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
led Zeppelin, Guns N' Roses, Wolfmother

Lauschtert eran: