Eldoradio Xclusiv - 29. JanuarLewis Capaldi - Someone You Loved

No sengem Hit "Bruises" ass de schottesche Sänger zréck mat enger neier Single

29.01.2019, 03:11:35

Fakten
"Someone You Loved" ass di nei Single vum schottesche Singer-Songwriter Lewis Capaldi. Et ass déi 3. Single vu senger 2. EP "Breach"

Fréier Hits
Aus dem Näischt eraus huet de schottesche Museker Lewis Capaldi a ganz kuerzer Zäit 10 Millioune Klicks op Spotify kritt. De Song "Bruises" huet dem 20 järege Sänger zum internationalen Duerchbroch verhollef. Als Nobody ass hien fir en Dag op d'1 vun de Spotify Charts geklommen. 

Aussergewéinleches
De Lewis Capaldi ass fir de "Brit Critics' Choice Award" 2019 nominéiert. Fréier Gewënner vum deem Präis waren ënner anerem Adele an Sam Smith.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rag'n'Bone Man, Tom Odell, Tom Grennan.

Lauschtert eran: