Eldoradio Xclusiv - 30. JanuarBene - Soaked

Eng Newcomerin aus Neiséiland presentéiert seng 2. Single

Leschten Update: 30.01.2019, 02:31:02

© Twitter

Fakten
D'Bene ass eng 18 Joer al Newcomerin aus Neiséiland. Seng musikalesch Carrière huet ugefaangen, andeems et Coverversiounen op Soundcloud gesat huet. Enn vun der High School huet hatt ugefaangen, och eege Lidder opzehuelen. Ënnert dem Titel "Soaked" huet hatt seng 2. Single eraus bruecht a scho méi wéi zwou Millioune Streams op Spotify erreecht.

 

Fréier Hits
Mat senger Debütsingle vun 2017 "Tough Guy", huet hatt sech an Neiséiland en Numm gemaach. Mat der 2. Single "Soaked" mécht d'Bene sech och am Ausland bekannt . 



Aussergewéinleches
Mat sengem alternativen R'n'B Sound gëtt d'Bene schonn als nächst Lorde gehandelt.





Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Tove Lo, Banks, Bebe


Lauschtert eran: