Eldoradio Xclusiv - 31. JanuarOcean Alley - Confidence

Ocean Alley ass eng australesch Psychedelic-Pop-Reggae-Band vu Sydney

Leschten Update: 31.01.2019, 04:05:03

Fakten
Ocean Alley ass eng modern Fusionsgrupp aus den Northern Beaches vu Sydney, Australien. Hire Museksstil gouf als "cruisey psych, rock and reggae fusioun" beschriwwen. Di 6 Museker hunn d'Band 2011 gegrënnt a sech an hire Lidder un Klassiker wéi Jimi Hendrix, Pink Floyd, an Dire Straits inspiréiert. "Confidence" ass di 3. Singel vun hirem 2. Album „Chiaroscuro“.

Fréier Hits
Hiren aktuellen Album „Chiaroscuro“ huet et op Plaz 15 vun den australeschen Charts gepackt. Et ass deen 2. Album nom Debüt „Lost Tropics“ vun 2016.


Aussergewéinleches
Mat hirem aktuellen Album maache si sech lues a lues an Europa bekannt. Zejoert hunn Ocean Alley och um Reeperbahn Festival zu Hamburg gespillt- ee vun de wichtegste Festivaller an Europa.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Blossoms, Circa Waves, The Wombats


Lauschtert eran: