Eldoradio Xclusiv - 4. FebruarGuy Sebastian - Before I Go

Den australesche Popsänger presnetéiert di éischt Single aus sengem neien Album.

Leschten Update: 04.02.2019, 03:36:02

Fakten
Den Guy Sebastian ass een australesche Sänger vun 37 Joer deen a Malaysien gebuer ass. "Before I Go" ass d'Leadsingle vu sengem 9. Studioalbum deen dëst Joer eraus kënnt.

Fréier Hits
De Guy Sebastian gouf 2003 als Gewënner vun der australescher Castingshow "Australian Idol" bekannt. Hien huet an Australien 9 Top 10 Alben eraus bruecht, an 12 Top 10 Singelen, dorënner 6 Nummer 1 Hits. Hien ass deen eenzegen australesche Solokënschtler deem dat bis elo gelongen ass


Aussergewéinleches
Am Joer 2015 huet de Guy Sebastian Eurovision Geschicht geschriwwen, andeems hien Australien an hirem 1. Joer bei dësem Contest vertrueden huet. 



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Craig David, Olly Murs, Jason Derulo



Lauschtert eran: