Eldoradio Xclusiv - 5. FebruarChristopher - Irony

Mat "Irony" eruewert den dänesche Museker een neie Level am Museksbusiness.

Leschten Update: 05.02.2019, 03:33:02

© Youtube

Fakten
De Christopher Lund Nissen ass ee Singer/Songwriter aus Dänemark. Hien huet bis ewell 3 Alben eraus bruecht an et domat an d'Top 10 vun den däneschen Charts gepackt. Elo ass hien zréck mat der neier Single "Irony".

Fréier Hits
De Christopher ass a senger dänescher Heemecht längst keen Onbekannten méi. A China huet hien 8 Nummer 1 Singelen, an a verschiddene Länner Platin- a Gold-Auszeechnungen. 



Aussergewéinleches
Iwwert säin neie Song seet hien: „Ech wollt mat ‚Irony’ ee perséinleche Song schreiwen, mat menger Vue op d'Problemer, déi deene meeschte Leit all Dag begéinen an déi laangfristeg grouss Konsequenzen kënnen hunn. Souwuel an der Aart, wéi mir de Leit ee scheinbar perfekt Liewen virmaachen wéi och an eiser Onfäegkeet, wierklech iwwer eis Onsécherheeten ze schwätzen.“

 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Puth, Medina, Olly Murs


Lauschtert eran: