Eldoradio Xclusiv - 6. FebruarG-Flip - Drink Too Much

Eng australesch Newcomerin iwwerzeegt mat enger neier Single

Leschten Update: 06.02.2019, 03:43:01

Fakten
Et fillt sech net besonnesch gutt un, wann däin Date dech sëtze léisst, well's du ze vill gedronk hues. D'Georgia Flipo aka G-Flip kennt dat Gefill a verschafft d'Situatioun op senger neier Indie-Pop Single "Drink Too Much“.

 

Fréier Hits
Ugefaangen hat d'G-Flip eigentlech als Drummerin. Hatt huet e puer Musekskompositiounen an den USA gewonnen. 2017 huet hatt decidéiert, och Lidder ze produzéieren. D'Resultat kann een elo op senger neier EP "Drink Too Much“  lauschteren, wou och di aktuell Single drop ass.



Aussergewéinleches
D'G-Flip huet säin alleréischte Soloconcert direkt um renomméierten South by Southwest Festival am Texas gespillt. Hei trieden all Joer di villverspriechendst international Newcomer op.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Ariana Grande, Ava Max


Lauschtert eran: