Eldoradio Xclusiv - 8. FebruarRozes - Halfway There

D'Rozes liwwert mat sengem neie Song "Halfway There" eng Hymn fir méi Engagement a Saache Fraerechter.

Leschten Update: 08.02.2019, 03:25:02

Fakten
Ween déi nei Single „Halfway There“ vum Elizabeth Mencel alias Rozes héiert weess direkt, dass „Hymne“ deen eenzege Begrëff ass deen dem Wierk gerecht gëtt. Net ëmsoss däerf d'Lidd sech och déi offiziell „Women’s March“-Hymne nennen, déi den 19. Januar 2019 de Protestmarsch fir Fraen- a Mënscherechter zu Washington begleet huet.  


Fréier Hits
Hannert dem Kënschtlernumm Rozes stécht d'Amerikanerin Elizabeth Mencel. Bei eis gouf di  25 Joer al Sängerin duerch hir Zesummenaarbecht um Chainsmokers-Song " Roses" bekannt. Spéider huet si mat Kënschtler wéi Logic oder Cash Cash zesummen.


Aussergewéinleches
Wéi d'US-Musekerin seet, handelt et sech ëm ee ganz perséinleche Song: „Hien hätt vill Frënn gehat, déi Affer vu sexuellem Mëssbrauch gewiescht wieren an hatt wier ee vun hinnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Skott, Lauv, Shaed


Lauschtert eran: