Eldoradio Xclusiv - 11. FebruarFettes Brot - Du driftest Nach Rechts

Fettes Brot liwweren mat "Du driftest nach rechts" een zimlech politesche Comeback.

Leschten Update: 11.02.2019, 08:53:28

Fakten:
Et ass ee komescht Gefill, wann een ale Bekannten oder souguer d'Ex op eemol riets extrem denkt an Nazi-Content op Facebook post. Schwieregt Thema fir ee Pop-Song. Fettes Brot hunn sech un dëst Thema eru getraut a liwwere mat "Du driftest nach rechts" ee politesche Comeback. Et ass déi éischt Single vun hirem neien a mëttlerweil 9. Studioalbum "Lovestory", deen de 5. Abrëll eraus kënnt. 

 

Aussergewéinleches:
Fettes Brot hu scho mol ee Song géint Rassismus gemaach. "Schwarzbrot - Weißbrot" koum 1994 eraus a setzt mat sengem Text ee klore Statement: "Weißbrot, Schwarzbrot, Scheiß auf den Farbcode!"



Fréier Hits
Fettes Brot goufe mat der LP "Auf einem Auge blöd" an der Single "Nordisch By Nature" bekannt. 1996 hate si mat "Jein" ee weideren Hit. Een erfollegräiche Comeback hate si 2005 mam Album "Am Wasser gebaut", an der Single "Emanuela".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jan Delay, Peter Fox, Fanta 4


Lauschtert eran:

Links