Eldoradio Xclusiv - 12. FebruarDurand Jones & The Indications - Morning In America

Durand Jones & The Indications brénge mat „Morning In America“ eng weider Single vum neien Album "American Love Call" eraus

Leschten Update: 12.02.2019, 03:53:02

Fakten:
Moderne Soul mat nostalgeschem Retrofilter. Durand Jones & The Indications brénge mat „Morning In America“ eng Single vun hirem 2. Album „American Love Call“ eraus. Den Album kënnt den 1. Mäerz op de Maart. 


 
Aussergewéinleches:
D'Band huet mat 5 Museker ugefaangen , déi zesummen op der Indiana University zu Bloomington, am US-Staat Indiana waren. Hiren Debutalbum vun 2016 war als éischt als eemolege Projet geplangt. Nodeems den Album iwwerraschende Succès hat, hunn d'Museker decidéiert, mat der Band als full time Job weider ze maachen.



Fréier Hits
Durand Jones & The Indications ass eng Retro-Soul/R&B Grupp vu Bloomington, Indiana. 2016 goufe si mat hirem Debütalbum an den USA bekannt.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
St. Paul & The Broken Bones, Nick Watrehouse, Marvin Gaye, Curtis Mayfield



Lauschtert eran: