Eldoradio Xclusiv - 25. FebruarNina Nesbitt - Colder

D'Nina Nesbitt presentéiert déi éischt Single vu sengem neien Album "The Sun Will Come Up, The Seasons Will Change"

Leschten Update: 25.02.2019, 03:45:01

© Youtube

Fakten
Den 1. Februar huet d'Nina Nesbitt säin neien Album "The Sun Will Come Up, The Seasons Will Change" eraus bruecht. "Colder" ass fir di schottesch Sängerin ee besonnesche Song an dofir ass et och kee Wonner, dass en als éischt Single ausgewielt gouf: "Colder war dee leschte Song, deen ech fir den Album geschriwwen hunn. Ech hunn e geschriwwen, nodeems ech jonk verléift Koppelen observéiert a gesinn hunn, wéi couragéis si sech anenee verléift hunn, well si wahrscheinlech nach ni virdrun d'Häerz gebrach kruten. Et ass ee Lidd iwwert dat, wat dono kënnt, wann dës Liichtegkeet net méi do ass."

Aussergewéinleches:
D'Nina Nesbitt gouf an engem kléngen Duerf ausserhalb vun Edinburgh gebuer. Scho fréi huet hatt verschidden Instrumenter geléiert, mee d'Musek war deemools net seng eenzeg Leidenschaft. Als rhythmesch Turnerin huet hatt fir d'Olympesch Spiller trainéiert.  Mee wéi hatt am Alter vu 15 Joer den Taylor Swift Song "Fifteen" héieren huet, gouf et fir hatt just nach d'Musek.

Fréier Hits:
2014 huet d'Nina Nesbitt mat "Peroxide" d'Top 15 vun de briteschen Charts gestiermt. Mëttlerweil huet hatt eng Millioun Fans op Instagram, Facebook an Twitter bal 3 Milliounen Nolauschterer de Mount bei Spotify. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Alessia Cara, Jess Glynne


Lauschtert eran: