Eldoradio Xclusiv - 26. FebruarThe Chemical Brothers - Got To Keep On

“Got To Keep On” ass schonn déi 3. Singleauskopplung aus dem 9. Studioalbum vun de Chemical Brothers.

26.02.2019, 02:26:31

Fakten
Eng 3 Joer sinn et hir, dass The Chemical Brothers hire leschten Album “Born In The Echoes” eraus bruecht hunn. Elo dierfen d'Fans sech op een neit Wierk vum Duo freeën. “No Geography”, deen 9. Studioalbum vun The Chemical Brothers, kënnt den 12. Abrëll 2019 eraus. Mat der neier Single “Got To Keep On” liwweren The Chemical Brothers de perfekte Soundtrack fir eng Dance-Party.

Aussergewéinleches:
Den DJ-Duo vu Manchester huet sech beim Produzéiere vum aktuellen Album a fréier Zäiten zréck versat. Heifir hunn si hiren eigentleche Studio an ee méi klénge Studio ëmgebaut, fir sou experimentell wéi méiglech ze schaffen. De Raum krut dee reaktivéierten, analogen Equipement, dat scho fir déi éischt 2 Alben genotzt gouf. Dat gouf hinnen d'Fräiheet, op eng Aart Musek ze kreéieren a Geschichten z'erzielen, wéi si et zanter Joren net méi maache konnten.

Fréier Hits:
Mat "Setting Sun" an dem Noel Gallagher als Sänger hunn The Chemical Brothers 1996 eng éischte Kéier d'Spëtzt vun de briteschen Charts erreecht. Den internationalen Duerchbroch ass hinnen 1997 mat der Single "Block Rockin’ Beats" den internationalen Duerchbroch gelongen. Hire bis elo gréissten Hit ass "Galvanize" aus dem Album "Push the Button" vun 2005. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fatboy Slim, Daft Punk,The Prodigy


Lauschtert eran: