Eldoradio Xclusiv - 27. FebruarClara - Crazy

D'Clara gëllt als eng vun den intressantsten Newcomer an Dänemark.

27.02.2019, 02:03:37

Fakten
Di dänesch Newcomerin Clara Toft Simonsen alias Clara ass 18 Joer al a gëllt ass eng vun den intressantsten Newcomerinnen an Dänemark. D'Clara iwwerzeegt als Songwriterin, Sängerin an Artistin. Elo ass hatt zréck mat enger neier Single


Fréier Hits:
D'Clara ass international nach kee grousse Star, a senger dänescher Heemecht hat hatt awer mat "Foolsih" an "What They Say" schonn 2 Radiohits.

Aussergewéinleches:
Hatt hëllt seng Stëmm doheem mam Handy op a probéiert dann dozou um Piano di richteg Melodie ze komponéieren. Inspiratiounn fënnt hatt an Filmer, awer och a sengem eegenen Alldag, ënner anerem och a sengem Tagebauch.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Rita Ora, Ariana Grande, Alessia Cara


Lauschtert eran: